Iwwer dës Sensibiliséierungscampagne vun Omega 90
Vill Mënsche verbanne Palliative Care nach ëmmer nëmme mat de leschten Deeg vum Liewen. Dëst Bild wëlle mir änneren. Palliative Care fänkt vill méi fréi un an huet virun allem een Zil: Mënschen an hir Familljen ze begleeden – vun der Diagnos vun enger schwéierer, onheelbarer Krankheet un. Dobäi geet et net nëmmen drëm, d'Krankheet ze behandelen, mee och de Mënsch a seng Famill an hirer ganzer Situatioun ze gesinn an ze verstoen.
Och wann eng Krankheet net méi ka geheelt ginn, heescht dat net, datt näischt méi ka gemaach ginn. Am Géigendeel: D'Zil vun der Behandlung ännert sech. Amplaz d'Heelung an de Mëttelpunkt ze stellen, geet et dorëm, Symptomer ze kontrolléieren, Komplikatiounen ze verhënneren an déi beschtméiglech Ënnerstëtzung ze bidden, fir datt Mënschen trotz hirer Krankheet esou gutt an esou selbstbestëmmt wéi méiglech liewe kënnen.
Palliative Care ass net nëmme fir Mënsche mat enger Kriibserkrankung do. Si ka Kanner an Erwuessener mat ville verschiddene schwéieren a viruschreidende Krankheete begleeden an ënnerstëtzen.
Mat dëser Sensibiliséierungscampagne wëll Omega 90 informéieren, Virurteeler ofbauen an de Bléck op Palliative Care veränneren. Palliative Care ass vill méi wéi nëmmen op den Doud waarden. Palliative Care bedeit, d'Liewen esou gutt a selbstbestëmmt wéi méiglech ze gestalten – bis zum Schluss.
Et bedeit kee Wéi
Péng an aner belaaschtend Symptomer mussen net zu enger schwéierer Krankheet gehéieren. Palliative Care setzt alles drun, kierperlecht, psychescht, soziaalt a spirituellt Leed z‘erliichteren. Well all Mënsch Péng anescht empfënnt an eng Begleedung verdéngt, déi seng individuell Besoinen eescht hëlt.
Wann d'Péng an aner Symptomer gutt behandelt sinn, entsteet nees Plaz fir d'Liewen. Et gëtt erëm méi einfach, um Alldag deelzehuelen, Zäit mat der Famill a Frënn ze verbréngen an déi Momenter ze genéissen, déi Kraaft a Freed schenken. Péng ze behandelen bedeit, d'Liewensqualitéit z'erhalen an all Mënsch bis zum Schluss e Liewen a Würd a Selbstbestëmmung z'erméiglechen.
Et bedeit Mënschlechkeet
Palliative Care stellt de Mënsch an de Mëttelpunkt. Dat heescht, de Mënsch virun der Krankheet ze gesinn – mat senger Geschicht, senger Perséinlechkeet, senge Wënsch an allem, wat him am Liewe wichteg ass. Et bedeit nozelauschteren, individuell Entscheedungen ze respektéieren an all Mënsch mat Würd, Respekt a Wäertschätzung ze begéinen.
Mënschlechkeet weist sech net nëmmen an der medezinescher Versuergung. Si entsteet duerch eng éierlech Präsenz, opmierksaamt Nolauschteren an d'Bereetschaft, Ängscht, Trauer an Onsécherheeten eescht ze huelen. Mënschen ze begleede bedeit, hinne mat Respekt an Empathie ze begéinen an hinnen d'Gefill ze ginn, gesinn a verstanen ze ginn.
Et bedeit Ënnerstëtzung
Palliative Care ass vill méi wéi nëmmen eng medezinesch Versuergung. Si gëtt Ënnerstëtzung an enger Liewensphas, déi dacks vun Onsécherheet, Verännerungen a ville Froe gepräägt ass. Ënnerstëtzung bedeit, Mënschen an hir Familljen net eleng ze loossen an hinne mat Kompetenz, Zäit a Mënschlechkeet zur Säit ze stoen.
Si ëmfaasst net nëmmen d'Behandlung vu Péng an anere belaaschtende Symptomer, mee och eng psychesch, sozial a spirituell Begleedung. Zesumme gi Suergen opgefaangen, Orientéierung ginn a Léisunge gesicht. Well Ënnerstëtzung bedeit, d'Mënschen an hirer Ganzheet ze gesinn an hinnen d'Sécherheet ze ginn, dëse Wee net eleng goen ze mussen.
Et bedeit Begleedung
Begleedung bedeit méi, wéi nëmmen do ze sinn. Si bedeit nozelauschteren, ouni ze jugéieren, z'ënnerstëtzen, ouni eppes opzedrängen, a Mënschen op hirem individuelle Wee mat Respekt ze begleeden. Dobäi stinn hir Besoinen, Wäerter a Wënsch ëmmer am Mëttelpunkt.
Palliative Care begleet Mënsche mat enger schwéierer, onheelbarer Krankheet an hir Famillje vun der Diagnos un an esou laang, wéi Ënnerstëtzung gebraucht gëtt – doheem, am Fleegeheem, am Spidol oder an enger spezialiséierter Ariichtung. Och nom Doud bleift si un der Säit vun den Hannerbliwwenen. Begleedung bedeit, Orientéierung ze ginn, Vertrauen ze schenken an de Mënschen d'Gefill ze ginn, dëse Wee net eleng goen ze mussen.
D'Grondprinzippie vu Palliative Care no der Definitioun vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)
Palliative Care huet als Zil, d'Liewensqualitéit vu Mënsche mat enger liewensbedrolecher Krankheet an hire Familljen ze verbesseren. Si fänkt esou fréi wéi méiglech am Verlaf vun der Krankheet un an dréit dozou bäi, Leed virzebeugen an z'erliichteren. Dobäi gi Péng souwéi kierperlech, psychesch, sozial a spirituell Belaaschtunge fréi erkannt, suergfälteg evaluéiert an individuell behandelt.
Palliative Care:
Iwwer Omega 90
Zënter méi wéi 35 Joer begleet Omega 90 Mënsche mat enger schwéierer, onheelbarer Krankheet an hir Familljen zu Lëtzebuerg. Dobäi sti Mënschlechkeet, Würd a Liewensqualitéit am Mëttelpunkt vun eisem Engagement. Mat enger interdisziplinärer Equipe an dem Asaz vu ville Benevolle begleede mir Mënsche mat Fachkompetenz, Respekt an Zäit.
Doriwwer eraus engagéiert sech Omega 90 an der Aus- a Weiderbildung vu Professionellen a Benevollen an och an der Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet fir Palliative Care. Well Palliative Care ass vill méi, wéi vill Mënsche mengen. Iwwer Krankheet, Stierwen, Doud a Trauer ze schwätzen, gehéiert zum Liewen. Offen doriwwer ze schwätzen hëlleft, Ängschten ofzebauen, d'Verständnis ze stäerken a Mënschen a schwierege Liewenssituatioune besser ze begleeden.
Palliative Care bedeit, Mënsche bis zum Schluss e Liewen a Würd, Selbstbestëmmung an der beschtméiglecher Liewensqualitéit z'erméiglechen. Dofir setze mir eis all Dag an.